DSC5879

GAL Open 2016 – Resultater

Steve Neiegkeeten

Den 30.01.2016 war den GAL Open um Lampertsbierg. Alles an allem haten sech 27 Kanner an de Kategorien C & D ageschriwen. Dei laang Preparatiounen hun sech gelount; och wann d’Voien am Verhältniss schwéier ugessat waren, konnten d’Zuschauer e spannenden Duell tëscht dem Rafael Jentges (KKH) an dem Thao Mersch (KSE) verfollegen, déi am ganzen 3 Finalsvoien gebraucht hun fir de Gewenner bestëmmen.

E ganz groussen Merci op dëser Platz un alleguer d’Participant’en, d’Elteren, alleguer déi déi gehollef hun den Open virzebereeden an ofzehaalen, am Virfeld an den Dag selwer, un de Casper’s Climbing Shop, a virun allem un den Rafael an den Thao fir den spannenden Wettkampf den sie eis gebueden hun.

Resultater

galopen16result

Fotoen