File 30-05-16 09 14 21

Groussen Botzdag zu Berdorf

Steve Neiegkeeten

Viru kuerzem ass en neit Gesetz gestëmmt gi fir den Accès op de Site Wanterbaach nei ze regelen.
Elo hu mir manner Aschränkunge wéi virdrun.  Domat ginn eis awer och Responsabilitéiten iwwerdroen.
Vir deene gerecht ze gi musse mir all “um selwechte Seel zéien” a weisen dat eis Clib sech fir d’Zukunft vum Klammen zu Baertref asetzen.
 
Als FLERA schaffe mir un engem Konzept fir dem neie Reglement Rechnung ze droen an awer och fir eise Stempel op ze drécken.
 
Eng éischt Aktioun an déi Richtung ass de Clean-Up Day.
Den 11. Juni ab 10:00 Auer gesi mir eis zu Baertref fir de Pad propper ze maachen, d’Voien ze botzen, d’Maillons ze ersetzen, ze klammen an zesummen e Maufel z’iessen.
 
D’Wanterbaach ass eise Fiels.  Eisen eenzegen.  Pak eng Hand mat un.  Mir brauchen déng Hëllef.
 
Yoo Ja LUDWIG
File 30-05-16 09 14 21