Trëppeltier

Kleng Trëppeltier

Déi kleng Trëppeltier sin tëscht 23km an 25km lang, mat engem Héichtenennerscheed bis zu 600m. Sie fänken gewéinlech géngt 10:00 un an sin géngt 17:00 Auer eriwer. Mëttes get eng Paus vun +/- 45 Minute gemach, oft an engem Café. Wann d’Wieder et erlabt get e Picnic gemach. An der Moyenne get mat 4km/h getrëppelt. De Schwieregkeetsgrad get vun * bis ***.

Grouss Trëppeltier

Déi grouss Tiers sin tëscht 32km an 42km lang, mat engem Héichtenennerscheed tëscht 500m an 1.200m. Sie fänken géngt 09.00 Auer un an haalen tëscht  17.00 an 18.00 Auer op, mat enger Mëttespaus vun ongeféier 30 Minuten. D'Paus as normalerweis en engem Bistrot, wou mir ëppes kennen drénken, an eis Schmier iessen. Falls keen Bistrot um Wee läit, machen mir en Picnic. Den Tempo läit bei 4,5 bis 5,5 km/h. Den Schwieregkeetsgraad geet vun *** bis *****.

Déi ganz grouss Trëppeltier

Bis zu 3x am Joër organiséiren mier déi ganz grouss Tier, déi tëscht 60 an 75 km lang sin. Et geet tëscht 06.00 an 08.00 Auer lass; esou en Tour kann mol bis no 20.00 Auer dauren. Mëttes machen mir eng Paus, wéi bei deenen aaneren Tier. Den Tempo läit bei 5,5 km/h, an de Schwieregkeetsgrad geet vun ***** bis *******. Des Tier sollten just vun Leit matgemach gin, déi richteg gudd a Form sin.

Nuetstier

D'Nuetstier sin tëscht 12 an 15 km lang. Sie fänken géngt 19.30 un, déi Weekender wou Vollmound as, vun Oktober bis März. Dono iessen mir eng Haameschmier zesummen.

 

Déi nächst Trëppeltier vum GAL

 


grimpeur.png

alpiniste.png