Georges Als & Julot Faber

Steve Neiegkeeten

Den GAL huet den 28/10/2017 an de Fielsen zu Berduerf eng Plaque zur Eier vum Georges ALS a Julot FABER ageweiht. De Georges ALS huet d’Klammen zu Freyr entdeckt, an sech do mam Klotervirus ugestach, an déi Passioun mat op Lëtzebuerg bruecht. Duerch Zoufall, hun sech d’Jugendherbergen zum selwechten Zäitpunkt fir d’Klammen interesséiert. Déi éischt „école d’escalade“ gouf organiséiert. Mir …

Dräi Moniteure fir de GAL

Steve Neiegkeeten

De GAL as frou matzedeelen dass dräi vun séngen Memberen erfollegräich d’Ausbildung zum Übungsleiter Alpinklettern beim ÖAV matgemach hun. Mir felicitéiren dem Mike, Christophe a Steve an mir sin gespaant wéi eng flott Touren sie eis proposéiren waerten. E grousse merci un Akademie an d’Ausbilder vum ÖAV.

Doud vum Jean-Paul Harpes

Steve Neiegkeeten

De GAL trauert em sain langjährege Member, den Här Jean-Paul Harpes Préeident vun 1978 bis 1987 an Éirepresident vum GAL Der Famill an de Frënn vum Verstuewenen dréckt de Comite vum GAL säin härzlecht Beileed aus. « Soyez assis avec toute la majesté inaltérable de la montagne. Laissez votre esprit s’élever, prendre son essor et planer dans le ciel » Sogyal Rinpoche

Klotertraining 2017-2018 fir Jonker vun 10 bis 16 Joer

Steve Neiegkeeten

Donneschdes, den 21.9.2017 as den éischten Training fir d’Saison 2017/2018. D’Aschreiwungen fannen op der Platz statt: 14 Platzen stin zur Verfügung. 18:00 – 19:30, zu Mamer an der Europaschoul   Du brauchs Kloterschong Du muss dech selwer kennen useelen, kennen sécheren, wessen wéi de Partnercheck geet Du muss eng Lizenz hun (Médico) an mir brauchen déng Nummer vun der Sécurité sociale …

COSL Spillfest 2017

Steve Neiegkeeten

Den 25. Mee as d’Spillfest vum COSL op der Kockelscheier. Klammen as dest Joër och erem vertrueden. Et gin vill Freiwelleger gebraucht fir den Dag ze hellefen. Wanns du Zait hues, an och wells eng Hand mat upacken um Stand vum Klammen dann schéck eis schnell eng Email op groupealpin@gmail.com

GAL Open 2017 – Resultater

Steve Neiegkeeten

E ganz groussen Merci un d’Kloterer, d’Elteren, d’Trainer, d’Ouvreur’en, d’Arbiter, d’Sécherer, an alleguer déi Leit déi soss den Dag iwer gehollef hun, esou wéi un d’Europaschoul, d’Stadt Lëtzebuerg an all eis Sponsoren. CLASSEMENT GENERAL DOSSARD NOM PRENOM CLUB Q1 RANG Q1 Q2 RANG Q2 RANG FINALE POINTS FINALE F + SCORE FINALE CLASSEMENT FINALE 1 DF08 JENTGES Chiara KKH 20,00 …