Froen

De Veräin

Wéi kann ech Member gin ?

Am einfachsten as et den Formular op eisem Site online auszefëllen. Esou baal wéis du déng Kotisatioun iwerwisen hues, schécken mir dir déng Kart.

Wéivill kascht d’Memberskart ?

D’Memberskart beim GAL kascht:

  • 35€ – Juniors (bis 18 Joër)
  • 50€ – Erwuessener
  • 100€ – Famill​

D’Kotisatioun leeft vum 1. Januar bis den 31. Dezember. All Umeldung déi nom 1. Oktober gemach get zielt fir dat Joër drop.

Bidd dir eng Assurance un?

Den GAL huet eng RC déi eis Aktivitéiten couvréiert (responsabilité civile).

All eis Memberen déi eng Lizenz vun der Federatioun hun, sin automatesch iwer den Sportsministère verséchert, a profitieren ausserdem vun enger Assurance Accidents bei der CSMS am Kader vun den offiziellen Aktivitéiten déi de GAL oder d’Federatioun ubidd. Dat sin Trainingen, Stagen an Competitounen.

De GAL bidd net direkt eng Assurance fir d’Memberen un déi an d’Bierger gin. Et as awer méiglech esou eng Assurance bei der LaLux ze huelen.

Wou as de Büro vum GAL?

De GAL huet keen Büro. De GAL get ausschliesslech vun Freiwellegen geleed. Eis Responsabel kanns du an der Kloterhaal oder bei engem Trëppeltour treffen.

Wéi funktionnéiert de Klub?

De GAL besteet säit 1955 an get ausschliesslech vun Freiwëllegen geleedt.
Mir freen eis iwer all Member den bereet as eng Hand matunzepacken.

 


Klammen, dobannen, dobaussen

Klammen zu Berduerf

Fir zu Berduerf ze klammen brauchs du keen Preis méi unzefroen. Et geet duer wanns du Member vum GAL oder engem aanere Veräin bas den an der UIAA oder der IFSC affiliéiert as. Zu Lëtzebuerg sin dat alleguer déi Veräiner déi Member vun der FLERA sin. Eng Lëscht fenns du op flera.lu. Wanns du Member an engem auslänneschen Alpeveräin bas, wéi CAF, DAV, CAB, KBF, CAI, ÖAV, etc kanns du selbstverständlech och zu Berduerf klammen.

Bidd dir Klotertrainingen un ?

De GAL organiséiert Initiatiounen fir Kanner an Erwuessener. Des Seancen sin gratis fir Memberen a kaschten 50€ fir net-Memberen. De GAL bidd och Trainingen un fir Kanner, vun 8 bis 16 Joër.

Brauch ech eng Lizenz fir ze klammen?

All Jonken Kloterer den am GAL klemmt oder do trainéiert MUSS eng Lizenz machen. Dat as onkomplizéiert, an du brauchs just an den Medico ze goen.

Mat enger Lizenz bas du automatesch fir all offiziell AKtivitéiten vum GAL an vun der Federatioun iwer d’Assurance vum Ministère des Sports verséchert. Dat sin Trainingen, Stagen an Competitiounen.

Centres médico-sportifs

Bidd dir Sortien an de Fiels un?

Mir bidden gewéinlech eng bis zwo Sortien d’Joer am Fiels oder an de Bierger un. Dat kann e Stage sin oder eng kollektiv Sortie. Iwert de GAL Info den all Mount verschickt get gin eis Memberen informéiert. Mir sin op fir all Virschléi vun eisen Memberen fir Sortien ze organiséiren.

Ech hun héiren als Member vum GAL kéinnt een an d'Coque klammen goen?

Jo, dat as richteg. Eis Memberen kennen bei eis Kaart froen fir an d’Coque klammen ze goen. 

Mir kaafen am Prinzip 2x am Joer Kaarten an der Coque, en Funktioun vum Budget den eis zur Verfügung steet, mat jeweils 15 Entrée’en drop.
D’Kaarten hun eng Gültegkeet vun 12 Méint ab dem Datum wou se ausgestallt goufen.
D’Kaarten stinn leider net an unendlecher Stéckzuel zur Verfügung. Et kann also sinn dass net emmer jiddereen eng kritt an muss warden bis mir den nächsten Kontingent kaafen

Déi Kaart as gratis, an u folgend Konditounen gebonnen:

1. d’Kotisatioun muss bezuelt sin
2. déi 15 Entrée’en mussen verbraucht gin, sie sin virbezuelt
3. déi éischt Kéier wou en an d’Coque klammen geet muss een sech do umellen
4. just déi Leit déi korrekt sécheren kennen kréein eng Kart
5. de GAL as net responsabel fir Accidenter déi an der Coque un der Kloter- oder Boulderwand geschéihen
6. eidel oder ongenotzte Kaarten mussen un de GAL zréckgeschéckt gin.
7. d’Kaart as individuel, daerf net am Grupp beotzt gin an daerf net “verléihnt” gin
8. Kaarten gin just un Erwuessener verdeelt

 


Géigenrecht an den Hütten

Durch dat internationalt Géigenrechtsofkommen kréien d’Memberen vum GAL eng Reducktioun an den Hütten vun denen Veräiner oder Associatiounen déi dat Ofkommes ennerschriwwen hun.

Fir vun dëser Reduktioun kennen ze profitéiren muss du deng Memberskaart bei der Umeldung an der Hütt weisen.

Folgend Veräiner hun dat Ofkommes ennerschriwen:
Deutscher Alpenverein,
Österreichischer Alpenverein,
Alpenverein Südtirol
Schweizer Alpenclub
Club Alpino Italiano,
Club Alpin Francais
Federacion Espanola de Montanismo
Liechtensteiner Alpenverein
Slowenische Bergsteigervereinigung
Akademische Alpenclubs der Schweiz
Club Alpin Belge
Groupe Alpin Luxembourgeouis
Dansk Bjergklub
Federazione Alpinistica Ticinese FAT (Schweiz)
Nederlandse Klim- en Bergsportvereniging.