Berdorf 2017

Den GAL huet den 28/10/2017 an de Fielsen zu Berduerf eng Plaque zur Eier vum Georges ALS a Julot FABER ageweiht.

De Georges ALS huet d’Klammen zu Freyr entdeckt, an sech do mam Klotervirus ugestach, an déi Passioun mat op Lëtzebuerg bruecht.
Duerch Zoufall, hun sech d’Jugendherbergen zum selwechten Zäitpunkt fir d’Klammen interesséiert. Déi éischt „école d’escalade“ gouf organiséiert. Mir schreiwen d’Joër 1954.
Zesummen mam Julot FABER, spéider och mat aaneren Kollegen wéi Fräntz MULLER an Willi MAJERUS, sin regelméisseg d’Klotersonndeger ofgehaalen gin, an sie hun hieren Enthusiasmus fir d’Fielsen un d’Kloterer weiderginn.

1955 as dunn den GAL gegrënnt gin – als Groupe vun den Jugendherbergen. Et muss en soen dass och schon virdrun an de Fielsen hei geklommen gouf, vun letzeboier Studenten déi de Sport aus den Alpen matbruecht haaten.

Dem Georges ALS an dem Julot FABER hierem onermidlechen Engagement as et ze verdanken, dass op dëser Platz de Klotersport zu Lëtzebuerg Fouss konnt faassen – net ze vergiessen d’Gemeng Bäerdref déi och matgepsillt huet.
Et sollt net just Klammen sin – dem Julot hun mer eis Nuetsmärsch ze verdanken ; och Kollektiven an de Bierger sin ennerholl gin, de Kontakt mat auslänneschen Alpenvereiner gouf gepflegt. All des Aktivitéiten hunn de GAL wuessen gelooss, sou datt en op séngem Héichpunkt konnt zäiteweis bis zu 800 Memberen zielen.
Beigedroen zu dem Erfolleg an der Entwecklung, hun sécherlech och d’Familjen vum Georges an vum Julot, hier Fraen, a Kanner, déi et hinnen erlaabt hun esou vill Zait an hier Passioun ze investéiren.

Seit där Zäit hun Klammsport a säin Emfeld hun sech entweckelt a verännert. Eist Klotermaterial huet sech verbessert. D’Kloterhaalen sin enstaan. Déi éischt Kompetitiounen sinn organiséiert ginn. Nei Disziplinen sin enstaan, wie zum Beispil de Boulder. Een Deel vum GAL wollt sech deemols nach net op de Wee vun der Kompetitioun beginn – haut as d’Kompetitioun schwéier aus dem Kloteremfeld ewegzedenken.

Dass d’Klammen an der Haal esou en Opschwong géng erliewen, hun eis Fondateuren sech sécher an de 50er Joeren net geduecht. An awer stinn sie um Ufang vun der Klammgeschicht hei am Land.

D’Popularitéit vum Klammen, an déi demographesch Entwécklung hun dozou beigedroen, dass de Mangel un kloterbarem Fiels sech hei zu Letzebuerg schnell bemierkbar gemach huet, esou dass 2002 en éischten Règlement Grand-Ducal sollt den Accès zu de Fielsen vun der Wanterbach regelen – schwéier virstellbar zum Georges an Julot hieren Zäiten.

Mir mussen haut feststellen, dass mir net genuch Fielsen zu Letzebuerg hun, wou daerf geklommen gin. Op der enger Sait heescht dat, dass verschidden Deeg d’Wanterbach iwerfëllt as – op der aanerer Sait heescht dat och dass dem kreativen Apsekt vum Klammen, sprech der Erschléissung vun neien Voie’en, d’Méiglechkeeten geholl gin sin, sech zu Letzebuerg auszedrécken an ze entwécklen.

De GAL well sech och an Zukunft fir d’Promotioun vum Klamm- a Biergsport asetzen – dozou gehéiren natirlech d’Klammen an der Haal, an dobaussen, genau esou wéi Sortien an Stagen an de Bierger, Summer wéi Wanter. Net ze vergiessen, eis Randonnée‘en, déi nach emmer e wichtegen Bestanddeel vun eisen AKtivitéiten sin, jo fir vill Galisten hier Haaptaktiviéit.

De Georges an de Julot hun eis e wonnerbart Iewen hannerlooss – jidderen den selwer an d‘Bierger geet kennt dat Gefill vun Freiheet an Erfolleg wann en um Sommet steet. Jidderen kennt och dat Gefill vun Frendschaft a Komerodschaft an der Cordée, déi oft e Liewen laang hällt. Och d’Erennerungen un eng brenzleg Situation, déi en zesummen duerchgestaan huet, bleiwen eis emmer erhaalen.