Championnat 2017: Resultater. De Rafa as Champion 2017

Den 5. März war dat nationalt Championnat am Klammen an der Coque.

Mir wëllen op dëser Platz dem Rafa zu sénger éischter Platz bei de Seniore ganz härzlech gratuléiren.

Ausserdem félicitéiren mir
- dem Samatha Kremer an Sandy Kirtz fir hier respektiv 2. an 3. Platz bei den Damen,
- dem Marc Morocutti fir séng 3. Platz bei den Seniore,
- dem Daniela Coronado fir séng 3. Platz bei den Meedercher an der Kategorie C
- an dem Sergio Coronado fir séng 2. Platz bei de Masters an der Open Wertung

Mir soen och alleguer eise Memberen Villmols Merci, déi aktiv bei der Virbereedung an bei der Duerchféirung vun dësem Championnat matgemach hun. E grousse Merci och un d'Federatioun fir d'Organisatioun vun dëser flotter Competitioun.